skip_to_content

Ären Don,
onse gemeinsame Patrimoine

Hëlleft der BnL, e bal dausend Joer aalt mëttelalterlecht Manuskript fir zukünfteg Generatiounen ze retten.

Ech maachen en Don

Firwat ass dëst Manuskript esou speziell?

Et ass eng Risebibel, déi dat aalt an neit Testament enthält an an enker Zesummenaarbecht mam Skriptorium vun Iechternach geschriwwe gouf, engem vun de gréissten intellektuellen an artisteschen Zentren aus dem fréie Mëttelalter.

Zu där Zäit war Iechternach Deel vum Äerzbistum Tréier an huet eng zentral Roll bei der Schafung vun héichwäertegen, illuminéierte Manuskripter gespillt. Dëst eenzegaartegt Dokument stellt en Héichpunkt vun der Skriptoriekultur vun der Iechternacher Schoul duer, där hiren Afloss wäit iwwer d’Klouschtermaueren eraus goung.

E besonnescht Dokument

Dëse Manuskript ass de leschten Exemplaire vun enger Risebibel aus dem 11. Joerhonnert. Eenzegaarteg ass se duerch hir enk Verbindung mat Lëtzebuerg.

Et ass net just en aussergewéinlecht seelent Dokument, ma et charakteriséiert sech duerch säin exzellenten Zoustand mat engem 500 Joer ale Klouschteraband. D’Titelsäit, déi un e prächtege byzantinesche Wandteppech erënnert, ass eng vun den eelsten aus dem Mëttelalter.

Zeréck zu senge Wuerzelen

De Kaf vun dësem Manuskript ass eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir eise Patrimoine ze beräicheren. Andeems mir dësen dausend Joer ale Schatz zeréckbréngen, erhale mir e fir d’Zukunft a gi Lëtzebuerg ee vun de formidabelsten Zeie vu senger Vergaangenheet zeréck.

Image
Image

D'BNL an e puer Wierder

D’Nationalbibliothéik sammelt, katalogiséiert a konservéiert all déi gedréckten an digital Publikatiounen, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland verëffentlecht ginn an e Bezuch zum Grand-Duché hunn. Si ass déi wichtegst Patrimonial-, Wëssenschafts- a Fuerschungsbibliothéik vum Land. Zirka dräi Véierel vun hire gedréckte Sammlunge sinn aus dem Ausland an decke sëllege Wëssensberäicher of, fir d’Besoine vun de Benotzer esou wäit ewéi méiglech erfëllen ze kënnen.

Image

E Manuskript fräigeluecht

Méi gewuer ginn
Image

Eng Rees duerch 1000 Joer

Méi gewuer ginn
Image

De Skriptorium vun Iechternach

Méi gewuer ginn
Image

D'Missioune vun der Bibliothéik

Méi gewuer ginn
Image

Eis Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher

Méi gewuer ginn
Image

Eis Sammlung vu Manuskripten

Méi gewuer ginn

Wéi eng stéierlech Virdeeler hutt Dir duerch Ären Don?

Andeems Dir en Don maacht, spillt Dir eng weesentlech Roll dobäi, de kulturelle Patrimoine ze erhalen an ze promovéieren. Dofir kënnt Dir Ären Don och vun de Steieren ofsetzen. Méi Informatiounen op focuna.lu

Wéi maachen ech en Don iwwert de Focuna?

Online

Enregistréiert Ären Don op www.focuna.lu. Dir kritt eng automatesch Bestätegung a gitt gefrot, fir eng Iwwerweisung ze maachen.

Payconiq

Scannt einfach de QR-Code mat der Payconiq App a gitt de Betrag vun Ärem Don un. D’Sue ginn automatesch op de Focuna-Kont mat den Detailer vum Don iwwerwisen.

Per Bankiwwerweisung

Obwuel de Focuna recommandéiert, Ären Don online ze registréieren, kënnt Dir och direkt eng Bankiwwerweisung op de Kont hei drënner maachen, andeems Dir d’Referenz PATRIMOINE BNL 2024/146 ugitt:

LU24 0019 4655 0203 7000 - BCEE, Lëtzebuerg